Observatoire de l'habitatHéich Logementspräisser kéinten zu Tensiounen an der Grenzregioun féieren

Claude Zeimetz
D'Lëtzebuerger Wunnengspräisser hunn en Impakt op déi ganz Grenzregioun. Dee Constat ass net nei.
© RTL Archivbild

E gëtt elo awer an enger neier Publikatioun vum Observatoire de l’habitat nach emol confirméiert. Dës Nott vergläicht d’Logementskäschten hei am Land mat der Situatioun an eisen dräi Nopeschlänner Belsch, Frankräich an Däitschland.

An der Groussregioun sinn d’Logementspräisser hei zu Lëtzebuerg am héchsten. Virop an der Haaptstad an am sougenannte Speckmantel vun der Stad Lëtzebuerg, mat Präisser, déi iwwer 10.000 Euro de Metercarré leie kënnen. Wat ee méi wäit ewech vun der Stad kuckt, wat d’Präisser fale géife mat just nach 5.600 Euro/m2 a Regioune wéi Wolz oder Iechternach.

A Frankräich sinn d’Präisser däitlech méi déif, sou den Observatoire de l’habitat, mat 1.794 Euro/m2 fir Appartementer an der Lorraine. Un der Grenz dogéint géifen awer och méi wéi 3.000 Euro de Quadratmeter gefrot. An der Belsch kaschten d’Immobilien an der Province de Luxembourg och méi wéi soss an eisem Nopeschland. An an Däitschland leien eenzel Stied heivir laanscht d’Musel wéi Palzem oder Perl iwwert der Moyenne vun de Regioun.

Weider stellt den Observatoire de l’habitat an der Nott fest, datt de Lëtzebuerger Immobiliëmaart trotz de rezente Präisbaissen nach ëmmer ënner Drock ass. Dat kéint zu Tensiounen an der Grenzregioun féieren, wou dann ëmmer méi Leit, Residenten an och nei Awunner, Schwieregkeeten hunn, ënner Daach ze kommen.

Vun de 4 Länner, déi analyséiert goufen, ass d’Populatioun tëscht 2012 an 2020 zu Lëtzebuerg bei wäitem am meeschte gewuess. D’Zuel vun de Stéit ass déi Zäit ëm eppes méi wéi 28% an d’Luucht gaangen, géint bal 10% a Frankräich, 6,8% an der Belsch an nëmmen 1,3% an Däitschland. D’Gréisst vun de Stéit ass déi lescht Jore relativ stabel bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO