
An der Nuecht op e Sonndeg besteet eng héich Warscheinlechkeet, dass Reen erofkënnt, dee fréiert. Dat géif deementspriechend fir geféierlech Situatiounen ënnert anerem op de Stroossen an Trottoire suergen.
Et wier aktuell nach ze fréi, fir Detailer ze nennen, ma et géif een d’Situatioun am Aen behalen, esou Meteolux weider.