Vun Angscht bis HoufertHomosexuell sinn am Joer 2023

RTL Lëtzebuerg
Och haut nach muss "d’LGBTQIA+ Communautéit" ëm hir Rechter kämpfen.
Vun Angscht bis Houfert: Homosexuell sinn am Joer 2023
Am Virfeld vun der Luxembourg Pride Week hunn 3 homosexuell Männer hir perséinlech Erfarunge mat eis gedeelt an eis en Abléck an hir Gefillswelt ginn.

Am Virfeld vun der Luxembourg Pride Week hunn 3 homosexuell Männer hir perséinlech Erfarunge mat eis gedeelt an eis en Abléck an hir Gefillswelt ginn.

Eric Glod, Dëschtennisspiller

Mat sengen 29 Joer gehéiert den Eric Glod am Grand-Duché zu de beschten a sengem Sport. Hien ass scho 4-fache Landesmeeschter am Eenzel a spillt aktuell an Éisträich. Rezent stoungen awer net just seng sportlech Leeschtungen am Vierdergrond, mä och seng sexuell Orientéierung. Bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta huet hien nämlech net just de Lëtzebuerger Fändel gedroen, mä sech och e Reeboufändel an d’Gesiicht gemoolt. Zanter ronn engem Joer notzt den Eric seng Plattform fir op d’Thema “LGBTQIA+ Rechter” opmierksam ze maachen. Den Ausléiser war e Virfall am Frëndeskrees, sou den Dëschtennisspiller:

“Virun engem Joer ass ee Kolleeg vu mir zu Wien ugegraff ginn, well e visibel schwul ass. An dat ass déi éischte Kéier, dass a mengem méi enken Ëmfeld engem eppes geschitt ass. Dat huet mech wierklech matgeholl. Ech hu geduecht ‘dat ka net sinn, dass dat hautdesdaags nach ëmmer sou ass’.”

Säin onfräiwëllege Coming Out hat den Eric viru bal 10 Joer. Ma scho mat 14 wier him bewosst ginn, dass hie schwul ass, esou den Dëschtennisspiller. Et hätt awer laang gedauert, sech dat anzegestoen:

“Ech war iwwerzeegt, ech wäert en hetero-normatiivt Liewe féieren, iergendwann eng Fra fannen an iergendwéi e Kand produzéieren. Well fir mech war et keng Optioun, dat Schwul-Sinn auszeliewen.”

A sengem sportlechen Entourage hätt den Eric nëmme positiv Reaktiounen op säi Coming Out kritt. “Déi Angscht vun de Sportler ass trotzdeem reell, dass et net géif akzeptéiert oder schlecht opgeholl géif ginn”, esou den Eric. “Soulaang déi Angscht besteet, ass et wichteg dat ze thematiséieren an ze beschwätzen.”

An awer huet och hie Situatiounen erlieft, déi Narben hannerlooss hunn:

“Opzewuessen deemools an den 2000er als Jugendlechen, do war dat vill méi present, dass ‘schwul’ als negative Begrëff benotzt gouf. An dat präägt een trotzdeem, well du wëlls net mat eppes Schlechtem associéiert ginn. Schwul, Schwuchtel, Gay Lord,...Saache woumat ee probéiert anerer ze verletzen. A selwer bannendran wosst du ‘Schäiss, ech sinn dat!’.”

Yannick Schumacher, Influencer

De 36 Joer ale Yannick Schumacher ass Grafiker, Influencer a Podcaster vun Diddeleng. Do war hien a senger Jugend reegelméisseg Affer vu Beleidegungen. “D’Leit ware stolz drop, homophob Aussoen ze maachen, dat war guer kee Problem”, esou de Yannick, och nach Yaya genannt. Haut ass hien zousätzlech online exposéiert. Bei bal 7.000 Follower op Instagram bleiwen Haasskommentaren net aus. Am Ausland hätten Influencer aus der “LGBTQIA+ Communautéit” et awer méi schwéier wéi hei am Land, mengt de Yannick. An och wann haut Villes un him géing ofprallen – ganz nom Motto “wat dech net ëmbréngt, mécht dech méi staark” – sou hannerloossen dagdeeglech Frechheeten dach hir Spueren:

“D’Leit hunn och keng Anung, dass dat sou eng Akkumulatioun vu Jore si vu Frechheeten an sou. Wann ech lo duerch d’Duerf trëppelen an et seet een zu mir ‘Schwuchtel’, da sinn ech sou ‘wow, ok cool’. Et ass och mega schlëmm, well mir op deem Punkt ukomm sinn: et ka mir wierklech den Dag verschäissen.”

Hie wéisst, dass hie polariséiert an d’Blécker op sech zitt. “Ech mierken ëmmer wann iwwert mech geschwat gëtt”, erzielt de Yannick, “en plus sinn ech net just schwul, mä och iwwergewiichteg – nach een Tirang, an deen ech gestach ginn”. Bis elo hätt hie Villes einfach iwwert sech ergoe gelooss – bis viru Kuerzem, wéi hien een aschneidend Erliefnes hat. Nodeems hie vun engem frieme Mann op d’iwwelst beleidegt ginn ass, huet hien déi éischte Kéier decidéiert, eppes dogéint z’ënnerhuelen. Hien ass bei d’Police gang fir eng Plainte ze maachen. Do gouf hien awer net eescht geholl. An engem Instagram-Video deelt hien dës Erfarung, a léist eng Well vu positive Reaktiounen aus. Och op senger neier Schaff.

“Op menger Aarbechtsplaz krut ech wierklech vill Ënnerstëtzung, an dat ass eppes wat ech nach net kannt hunn. Meng Cheffe sinn direkt bei mech komm fir mir ze soen ‘du hues hei däi Safe Place, wann iergendeppes ass, komm direkt’. Esou soll et am Fong sinn. Ech hu mech direkt besser gefillt.”

De Yannick wënscht sech awer och vun offizieller Säit méi Ënnerstëtzung: A Form vun enger Ulafstell fir Affer vun haass-motivéierten Diskriminatiounen. Fir en Zeechen ze setzen a Chiffere fest ze halen.

CHAiLD, Museker

Den Adriano Lopes Da Silva, wéi de 24 Joer ale Museker eigentlech heescht, hat genee sou wéi de Yannick an den Eric e schwéiere Wee bis zum Coming Out. Véier Joer ass dat lo hier, a war wéi e Befreiungsschlag fir hien:

“Dat huet sou vill Plaz a mengem Kapp ageholl säitdeem ech 6 sinn. Du stees op, du hues et am Kapp. Du gees schlofen, du hues et am Kapp. Dat heescht wéi dat op eemol net méi do war, ech ka mech erënneren, dat éischt wat ech mir sot war ‘Oh mäi Gott, ech hu sou vill Plaz fir ze denken. Et ass gemaach, et ass alles gutt. Ech ka mäi Liewe lo ufänken’.”

Dat Joer huet den Adriano och de Projet CHAiLD gestart. Vu vir era fillt hie sech als “LGBTQ+ Member” wuel an der Musekzeen:

“Ech hunn einfach eng Plaz fonnt, wou et op eemol ok war anescht ze sinn. Et war gefuerdert anescht ze sinn! Soss méchs du keng Musek, soss lancéiers du kee Projet wann s du wéi all déi aner bass.”

Déi vill Ënnerstëtzung a positiv Reaktioune komme senger Meenung no awer zum Deel duerch seng ugebuere Privileegien:

“Ech sinn e Mann, ech si cis, an ech si wäiss. De Fakt, dass ech schwul sinn, ass dat Eenzegt wat e bëssen aus den Norme geet. Wär ech eng Personne de Couleur, wär ech trans, géif ech meng Queerness anescht expriméieren – wéi géif dat da eriwwerkommen? An dat ass déi Fro, déi ech mir lo ufänken ze stellen andeems ech mir bewosst gi vu mengen eegene Privileegien.”

Hie wëll deenen eng Stëmm ginn, déi manner Chance hu wéi hien, esou den Adriano. Do dernieft wier de Pride Mount e wichtege Moment, fir op d’Problemer vun der Communautéit opmierksam ze maachen. Ma dat Ganzt riskéiert heiansdo an dat Kommerziellt ze rutschen: “Dat ass ëmmer d’Fro: Ginn ech grad gebucht well ech gutt Musek machen oder well ech eng Quot erfëllen?”

Fir d’Zukunft wënscht den Adriano sech, dass d’Leit och mol iwwert den eegenen Tellerrand kucken. Ma eng Saach ass him besonnesch wichteg: Dass den Haass ophält.

Back to Top
CIM LOGO