BarcelonaWeltbekannt Sagrada Família elo offiziell 172,5 Meter héich

RTL Lëtzebuerg
Fir den Ament gesäit een nach ëmmer d'Kranen ronderëm, mä et ass déi lescht Ligne droite vun enger laanger Baugeschicht.

E Freideg krut déi weltbekannte Sagrada Família zu Barcelona dat lescht Stéck vum risege Kräiz uewen an der Spëtzt opgesat. Domadder ass d’Kierch elo offiziell 172,5 Meter héich. Vill méi héich dierf se och net ginn. Hiren Architekt, den Antoni Gaudi, hat bei senger Conceptioun virun iwwer 150 Joer festgehalen, datt d’Sagrada Família net méi héich dierft si wéi den héchsten Hiwwel vu Barcelona, Montjuïc mat sengen 177 Meter.

Den Titel vun der héchster Kierch op der Welt huet d’Basilika schonn zanter Oktober, wéi den Tuerm duerch dat éischt Segment vum Kräiz op 162,91 Meter gewuess ass. D’Sagrada Família huet domadder schonn de Münster vun Ulm vum Troun gestouss. Interessanterweis kënnt dat neit Kräiz och aus der Géigend vun Ulm.

Déi imposant Basilika soll am Kader vum 100. Doudesdag vun hirem Architekt den 10. Juni, ënnert anerem a Präsenz vum Poopst Leo XIV. ageweit ginn. Fir de Public soll dat bal 100 Tonne schwéiert Kräiz aus Stol a Glas awer réischt viraussiichtlech vun 2027 un accessibel sinn. Domadder kënnt déi laang Baugeschicht vun der Sagrada Família hirem Enn e gutt Stéck méi no. Ganz fäerdeg ass d’Gebai awer nach ëmmer net. An 10 Joer kéint et souwäit sinn. “Wann alles gutt geet”, mengen déi Responsabel.

Finanzéiert gouf de Bau duerch Donen a virun allem Entréesticketen. Eleng 2024 sinn duerch déi 4,9 Millioune Visiteuren iwwert dee Wee bal 134 Milliounen Euro zesummekomm.

Back to Top
CIM LOGO