Tëscht deenen zwee Seeën entsteet en Hotel mat engen 90 Zëmmer. All Zëmmer huet Vue op de Séi. Eng héichwäerteg Kiche mat engem 2 Stäre-Kach ass och virgesinn.
De Sportkomplex ronderëm den ënneschte Séi soll 2025 ugeluecht ginn. Hei entsteet och e “Glamping”. Dat ass eng modern Form vu Camping. Jonk Famillje sollen hei ugesprach ginn.
Duerch dësen neien Hotel- a Sportkomplex erwaarden d’Gemengeresponsabel sech eng Opwäertung vun hirer Géigend. Déi ganz Groussregioun soll heivunner profitéieren.
Duerch dëse Bau géifen och eng 50 néi Aarbechtsplaze kreéiert ginn.