D’Geschicht vun “MSF Lëtzebuerg” ass aktuell an enger Ausstellung an der Abtei Neimënster ze gesinn. Eng immersiv Ausstellung, fir de Leit ze weisen, mat wat Benevollen a Krisegebidder konfrontéiert sinn. Et geet net nëmmen drëms, sech an d’Haut vum Gesondheetspersonal ze versetzen, erkläert de Generaldirekter vun MSF Lëtzebuerg, de Paul Yon.
“Non seulement les activités médicales, mais aussi les activités de logistique et d’approvisionnement qui ne sont pas toujours évidentes, afin d’acheminer les médicaments, les vaccins dans les endroits où nous travaillons.”
Vun 1986 bis 2010 hat MSF Lëtzebuerg och aktiv Projeten am Ausland. Zanterdeem ass d’ONG hei am Land an der Recherche operationelle aktiv. Zesumme mat anere Länner gouf et zum Beispill een Duerchbroch an der Fuerschung bei ënnerernäerte Kanner. Hei ass et drëms gaangen, ze kucken, wéi ënnerernäert kleng Kanner hydratéiert kënne ginn.
“Mir hunn elo eeben déi Etüd do chaponnéiert a véier Länner an déi schlussendlech beweist, dass staark ënnerernäerte Kanner däerfen intraveneuse rehydratéiert ginn an dass dat wuel méi effikass ass wéi dat, wat mer elo joerzéngtelaang gemaach hunn”, esou den Dr. Vic Arend vun Dokteren ouni Grenze vu Lëtzebuerg.
D’Ënnerernärung bei de Kanner ass och een Theema op der Ausstellung. Hei kréien d’Leit gewisen, wéi d’Ënnerernärung bei Kanner tëschent dräi a fënnef Joer um Aarm gemooss gëtt a wat da gemaach gëtt. Dat gëtt mat Hëllef vun engem Bandmeter gemaach.
“Wenn es im grünen Bereich ist, gibt es keine Anzeichen von Magelernärung. (...) Im roten Bereich, das ist dann akut Magel ernährt. (Im organgen Bereich) An dieser Übergangsphase werden die Kinder nach Hause geschickt mit ein bisschen Zusatznahrung. Und hier (roter bereich), jee nachdem, wären auch vor allem wenn andere Krankheiten vorliegen, zum Beispiel Durchfall, würde das Kind stationär aufgenommen werden”, erkläert eis ee Benevole vun MSF Lëtzebuerg.
D’Ausstellung an der Abtei Neimënster ass nach bis den 29. Mäerz ze gesinn, an d’Entrée ass gratis. Wärend dem ganze Joer ginn awer nach aner Evenementer organiséiert fir de 40. Gebuertsdag ze féieren.