
Op Nofro krut RTL vum Educatiounsministère confirméiert, dass et en Tëschefall gouf, an deem zwee Schüler implizéiert waren, wou et och zu Schëss mat enger Loftpistoul komm ass.
De Parquet huet en Dënschdeg den Owend an engem Communiqué preziséiert, datt éischten Ermëttlungen no ee Jong vu 14 Joer an ee Meedche vun 12 Joer sech ëm een Handy gestridden haten. De Jong soll doropshin zu der Loftpistoul gegraff hunn.
Et wier keng Persoun blesséiert ginn an den Educatiounsministère huet och präziséiert, dass et net um Terrain vun der Schoul zu dësem Incident koum. Op Nofro huet d’Police bis elo keng Detailer bekannt ginn.
Dem Parquet no hunn Ermëttler vum Jugendschutz vun der Police séier intervenéiert an hunn d’Loftpistoul saiséiert. Déi zwee Mineure sinn Objet vun enger Enquête, an déi och hir Elteren implizéiert sinn. De Parquet erënnert un d’Présomption d’innocence.
D’Tageblatt war dat éischt Medium, dat vun dësem Tëschefall bericht huet.