
Ee schwéier blesséierten an zwee liicht blesséiert Giischtercher: Dat ass de Bilan vun engem Tëschefall e Mëttwoch zu Giwenech am oppene Vollzuch. Ee Gefaangene sollt op Schraasseg an de Prisong verluecht ginn a war domat net averstanen, dat sinn d’Informatiounen, déi de Samir Djennas, President vun der Associatioun vun de Giischtercher, huet.
Du koum et zu engem Gerangel a si sinn am Trapenhaus gelant: “An do ass ee vun de Beamten, vun eisen erfuerene Beamten, deen ass do e gutt Stéck Trapen erofgefall a mam Kapp wittert en Automat gestouss a war do direkt vu sech.” De Beamte soll an tëscht nees bei Bewosstsinn sinn.
Dëse Virfall war zu Giwenech. De Statistike vum Justizministère no geschéien am Fong méi Virfäll um Uechterhaff. Dat wier éischter normal, seet de Samir Djennas. “Hei huet een Untersuchungshäftlingen, déi si vläicht nach net esou agesiess a sou roueg, déi wëssen net, wou se dru si mat hirem Fall, wéi vill Joer se da kréien, ob se fräigelooss ginn, ob se net fräigelooss ginn. Déi sinn nach e bëssen an der Ongewëssheet, wat zu Schraasseg net de Fall ass.”
Wat kéint een der Gewerkschaft no dann elo ënnerhuelen, fir esou Virfäll ze verhënneren? Feelt et ieren u Personal?
“Genuch Beamten huet een ni. Mir lafen iwwerall ëmmer strukturell um Minimum vum Personal”, seet de Gewerkschaftler.Dat versteet säin Direkter, mee seet: “Ech géif awer mengen, mir hätten dee Contigent légal, dee mer eis virgestallt hunn, an deenen dräi Haiser erreecht. An ech denken och net, dass do e grousse Mangel géif bestoen am Moment.”
Dobäi gëtt et mam Groupe d’intervention speziell forméiert an ekipéiert Beamten, déi an esou Situatioune kënnen agräifen, an do wënscht sech de Samir Djennas, “dass een och emol kann déi Formatioun, déi de Groupe d’Intervention huet, och op anere Beamten iwwerdroen.”
An och, datt et méi Konsequenze ginn. “Déi intern Saachen, déi missten e bësse méi - dat
kléngt elo esou pejorativ- mä haart gestrooft ginn.”
Den Direkter Serge Legil seet, d’Justiz géif ëmmer informéiert ginn. “A wat se an der Cité judiciare decidéieren, dat entzitt sech eiser Kompetenz. An Inhouse gëtt et eng Sanction disziplinaire.”
Am Fall vun e Mëttwoch gouf den Detenue de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.