
Den Text erméiglecht awer och a bestëmmte Fäll eng Verlängerung vun der Prozedur ëm 9 Méint. E weideren Drëttel vun den Demandë ware bannent 14 Méint traitéiert. 777 Decisioune waren och no 21 Méint nach net geholl . Den Inneminister Léon Gloden liwwert déi Zuelen dem gréngen Deputéierte Meris Sehovic, deen eng parlamentaresch Fro gestallt hat.
Hei géingen all d’Demandë gekuckt ginn, och déi vun de Leit, déi ënnert dat sougenannt “Dublin 3-Reglement” falen, wou Lëtzebuerg heiansdo réischt ee Joer no Demande zoustänneg gouf.
D’Ursaache fir d’Retarde wiere villfälteg. All Dossier géing individuell gekuckt ginn an déi Concernéiert kéinten, op Nofro hin, d’Grënn gewuer ginn.
Och verschidden international Krisen hätten en Impakt op d’Delaie gehat, esou de Minister. Dës Regierung hätt sech d’Zil gesat, déi Delaien ze reduzéieren.
Tëscht de Joren 2018 an 2023 goufen an dësem Kader 10.426 Decisioune geholl.