Am ReplayInterview mam fréiere franséischen Ausseminister Hubert Védrine

RTL Lëtzebuerg
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war den Hubert Védrine en Dënschdeg fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg.
Den Hubert Védrine iwwer Europa, den Donald Trump an déi politesch Aktualitéit
De fréiere franséischen Ausseminister koum op Lëtzebuerg, fir säi Buch iwwer den Albert Camus virzestellen. Dem Caroline Mart stoung e Ried an Äntwert.

Den Hubert Védrine war Ausseminister ënnert dem President Chirac. Virdrun hat e 15 Joer laang fir de François Mitterand am Élysée geschafft, als diplomatesche Conseiller, als Porte-parole an dunn als Generalsekretär.

D’Konferenz an der Abtei Neimënster goung net ëm Politik, mee ëm Literatur an ëm de Schrëftsteller Albert Camus, iwwer deen den Hubert Védrine e Buch geschriwwen huet. De Camus ass en Auteur, deen hien zanter senger Jugend markéiert huet.

Am Interview, deen hien dem Caroline Mart en Dënschdeg ginn huet, geet et awer och ëm seng Aschätzung vun der aktuell schwiereger geopolitescher Situatioun an der Welt.

Back to Top
CIM LOGO