
Iwwer 500 Persounen hu bis ewell fräiwëlleg um Findel matgemaach, 508 Tester waren et bis e Sonndeg. E puer positiv Fäll waren derbäi.
Et wär also gutt, datt een dat géif ubidden, sou d'Paulette Lenert. Hei zu Lëtzebuerg um Fluchhafe kaschten d'Tester näischt, am Ausland ass dat deels anescht. Den Tracing vun de positive Fäll ass och gemaach ginn, sou nach d'Ministesch, déi och Detailer zu der legaler Basis vun de Fichë ginn huet, déi ee muss als Passagéier ausfëllen.
Den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement, hat eng Question urgente zu den Tester um Fluchhafe gestallt. Zanter dem 29. Mee fléie jo nees Passagéier-Vollen vum Findel aus.
