Coronavirus zu LëtzebuergIwwer de Weekend: Vun iwwer 6.000Tester waren der 74 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 16 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 674 aktiv Infektiounen. 68.764 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 389.502 Dosisse genotzt.

E Méindeg huet d'Santé 3 Neiinfektioune bei 295 Tester gemellt fir e Sonndeg. Iwwer de Weekend waren et 74 positiv Fäll bei iwwer 6.000 Tester.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO