Vum 1. Januar unIwwerbléck vun den Upassunge vun de Sozial-Parameteren

RTL Lëtzebuerg
Mat der Hausse vum Mindestloun an dem Revis ëm 2,6 Prozent ginn et och Upassunge bei ënner anerem der Allocation de vie chère an den Energieprimmen.
© Envato

Dat deelt de Ministère vun der Sécurité sociale mat an huet och eng genee Rechnung dovunner opgestallt. Doranner ass opgelëscht, wat fir eng Auswierkungen d’Upassunge vum 1. Januar op d’Krankeversécherung, d’Assurance Dependance, d’Pensiounsversécherung oder och aner Prestatiounen, wéi d’Allocation de vie chère oder d’Energieprimmen hunn, dat fir déi betraffe Persounen, déi den net-qualifizéierte Mindestloun verdéngen, oder de Revis kréien.

PDF: D'Oplëschtung vum Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Back to Top
CIM LOGO