Vill ze di fir d'PoliceIwwerfäll, Kierperverletzung, Belästegung an Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police haten an de leschte ronn 24 Stonnen nees genuch ze dinn.

Um fréie Freidegmoie war eng Persoun op der Stater Gare iwwerfall ginn. Éischten Informatiounen no hätten e puer Persounen op d’Affer ageschloen an him den Handy a Suen ofgeholl. D’Affer selwer gouf beim Tëschefall liicht blesséiert.

Zu engem weideren Iwwerfall war et dann an der Nuecht op e Samschdeg an der Géigend vun der Clairefontainesplaz an der Stad komm. Och hei gouf eng Persoun vun e puer Täter beklaut. Si hunn him den Handy geklaut a sinn duerno geflücht.

D’Police huet a béide Fäll Enquêten an d’Weeër geleet.

E Freideg am Nomëtteg gouf dann eng Persoun op der Stater Gare mat engem Messer liicht um Bee blesséiert. Nom Tëschefall gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an e Mann gouf ugetraff. Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, konnte si e Messer a Cannabis sécherstellen. Op Uerder vum Parquet hunn d’Beamten dem Mann seng Donnéeën erfaasst an e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen.

E Freideg den Owend krut d’Police dann eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi zu Diddeleng an engem Supermarché d’Personal an d’Cliente belästege géif. Wéi eng Patrull vun der Police op d’Plaz komm ass, huet de Mann sech géigeniwwer de Beamten onkooperativ verhalen. Hie gouf doropshin am Arrest ënnerbruecht.

Schliisslech war enger Patrull vun der Police an der Nuecht op e Samschdeg e Chauffer op der Rocade de Bonnevoie wéinst sengem Fuerstil opgefall. De Mann gouf kontrolléiert a well den Alkoholtest positiv war, gouf de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO