
D’Liv Bintener huet 20 Joer an ass um Méindeg eng éischte Kéier Blutt spende gaangen. Fir déi zukünfteg Educatrice ass et nëmmen normal, sech fir d’Allgemengheet anzesetzen. Eng Bluttanalys, e Gespréich mam Dokter an duerno konnt d’Liv eng éischte Kéier hiert Blutt spenden.
Déi jonk Fra ass zefridde mam Verlaf vun hirem éischte Kontakt mat dësem Service vum Roude Kräiz.
Reegelméisseg kënnt et zu Enkpäss bei de Bluttkonserven. Fir esou Penurien z’evitéieren, mécht d’Rout Kräiz aktuell nees een Opruff, fir Blutt ze spenden. Wien dierf esou een Don maachen? Wéi vill Bluttspender ginn et zu Lëtzebuerg? A firwat kënnt et ëmmer nees zu Penurien?
Am Idealfall bräicht d’Croix-Rouge 100 bis 120 Bluttspenden den Dag uechtert dat ganzt Land. Allerdéngs ass dat meeschtens net de Fall. Doduerch ginn et da reegelméisseg Perioden, wou et richteg enk gëtt – besonnesch am Fréijoer. Dr Andrée Heinricy erkläert, firwat.
“De Wanter geet elo sou lues op en Enn. Et ware vill Leit, déi waren elo krank iwwer dës Joreszäit. Och kleng Erkältunge ginn duer, dass ee länger Zäit kee Blutt spende kann. Elo kommen d‘Vakanzen. Déi eng Vakanz ass amgaangen, déi nächst Feierdeeg sti virun der Dier. An dat sinn ëmmer déi Zäiten, wou d‘Leit aner Preoccupatiounen hunn. Och wann d’Wieder méi schéi gëtt, sinn d’Leit éischter op aner Aktivitéiten aus a komme vläicht manner Blutt spenden.“
A genee dofir ass dësen Appell sou wichteg. Zu Lëtzebuerg ginn et zwar ronn 15.000 Bluttspender.
“Woubäi awer net all déi Leit wierklech aktiv sinn. Am leschte Joer hunn ongeféier knapp 10.000 Leit och wierklech gespent. Dat heescht mindestens ee Mol. Männer sinn e bëssi méi heefeg bei de Bluttspender vertrueden, wéi d’Fraen. Si kënnen och méi dacks kommen, wéi d’Fraen. An wat den Alter ugeet, do ass et natierlech esou, dass d’Tranchen tëscht 30 a 50 am meeschte vertruede sinn. Mä och déi Leit tëscht 18 an 30 Joer maachen 20 Prozent vun eise Bluttspender aus.”
Fir eng éischte Kéier Blutt ze spenden, muss e Minimum 18 Joer al sinn a manner wéi 60 Joer. Et muss een op d’mannst 50 Kilo schwéier sinn. Et soll een am Beschte virdru scho vill drénken an eppes Klenges iessen. An et brauch ee maximal eng Stonn.
“Well mer do fir d‘éischt eng Analyse maachen, fir ze kucken, wéi déi rout Bluttkierpercher sinn. Da fëllen d‘Leit ee Questionnaire aus, dat gëtt all Kéiers gemaach. Duerno ass een Entretien mat enger Infirmière oder engem Dokter, fir ze kucken, op een den Dag och wierklech eligibel ass, fir Blutt ze spenden.”
Da gi 475 Milliliter Blutt ofgeholl. Dat dauert just 5 bis 10 Minutten. Zum Schluss muss een dann nach 20 Minutte sur place bleiwen, fir e bëssen ze raschten. 1 Stonn ka Liewe retten. Bluttspende ginn ëmmer gebraucht.
Bluttspende kann een net just am Transfusiounszenter um Lampertsbierg, mä och zwee Mol an der Woch zu Esch an ee Mol zu Ettelbréck. Donieft fiert eng mobil Ekipp och op Wolz, Klierf, Iechternach, Kolpech a Gréiwemaacher.