An der Stroossbuerger StroossJonke Mann vu méi Kriminellen agekesselt a beklaut

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie koum et zu engem Tëschefall an der Stad, bei deem d'Affer säin Handy geklaut krut.

Bei hirer Dot hunn déi Onéierlech och op Gewalt zeréckgegraff. Si hu Pefferspray géint d’Affer agesat, wéi dëse sech wiere wollt. Ma d’Police konnt scho kuerz drop zwee Verdächteger stellen, se immobiliséieren a mat op de Policebüro huelen.

Wéi si déi presuméiert Täter duerchsicht hunn, konnte si zwee Messer a véier Crackpäife sécherstellen. De Parquet huet béid Männer festhuele gelooss a si koumen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO