Mat engem MesserJugendlecher iwwerfale Geschäft zu Uespelt - vun der Police gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass ëm kuerz no 17 Auer de Besëtzer vun engem Geschäft an der Munnereferstrooss zu Uespelt un engem maskéierte Mann iwwerfall ginn.
© RTL Archivbild

Den Onbekannten huet dem Mann ee Messer gewisen an hien opgefuerdert, him d’Suen aus der Kees ze ginn. DEn Ament, wéi Clienten an d’Geschäft koumen, huet sech den Déif aus dem Stëbs gemaach. Virun der Dier huet op d’mannst eng weider Persoun schonn op hie gewaart a si sinn zu zwee zu Fouss fortgelaf.

D’Police huet no dem presuméierten Déif a senge Komplize gesicht - mat Erfolleg. Zwee Leit, déi wuel un der Dot bedeelegt waren, konnten ermëttelt ginn an och den Haapttäter gouf identifizéiert. Bei him gouf nieft enger Stuermhauf och ee Messer fonnt. Allen dräi sinn nach Mineuren, esou datt de Parquet de Virfall zu Protokoll geholl huet. D’Géigestänn am Zesummenhang mat der Dot goufe saiséiert.

Presuméierten Drogendealer gefaasst

Am spéiden Dënschdegnomëtteg huet eng Policepatrull op der Gare ee presuméierten Drogendeal tëscht zwou Persoune gesinn. Eng Persoun ass fortgelaf, wéi d’Beamte si kontrolléiere wollten. De resuméierten Dealer konnt kuerz drop awer gestoppt ginn.

Bei enger Kierperduerchsichung hunn d’Poliziste ganzer 48 Drogeplombe fonnt. E Schnelltest op illegal Substanzen huet op Kokain ee positiivt Resultat erginn. Op Uerder vum Parquet ass de Verdächtege festgeholl ginn an hie gouf e Mëttwoch de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO