Background am Gespréich (4. Juli)Jugendstrofrecht, Social-Media-Verbuet, Sécherheet a laang Delaien

Fanny Kinsch
E Samschdeg ass d'Justizministesch Elisabeth Margue eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D'Reform vum Jugendschutz an d'Aféiere vum Jugendstrofrecht loossen zanter Joren op sech waarden – wéini wäerte se ëmgesat ginn a wat ass sech dovunner '’erwaarden? Ass e Social Media-Verbuet néideg, fir Jonker ze schützen? Ka genuch rekrutéiert gi bei der Justiz, fir der Aarbecht nozekommen?

An der Hallschent vun der Legislaturperiod froe mer d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue, wou déi grouss Dossieren an hirem Ressort dru sinn.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO