
2015 war am Grand-Duché puermol a spezialiséiert Multimedia-Geschäfter agebrach ginn. Am Kader vun den Ermëttlunge hat e presuméierten Täter kënnen identifizéiert ginn, dee sech awer jorelaang der lëtzebuergescher Justiz entzéie konnt.
Géint de Mann hat en internationalen an och en europäeschen Haftbefeel virgeleeën. Viru kuerzem konnt hien an engem osteuropäesche Land lokaliséiert a festgeholl ginn. De presuméierten Täter ass duerno un déi lëtzebuergesch Autoritéiten ausgeliwwert ginn.
Déi weider Ermëttlunge ginn elo vun der Sektioun Répression du Grand Banditisme vun der Kriminalpolice (Police Judiciaire) gefouert.