Oppositioun reagéiert op Summer-InterviewDe Luc Frieden ënnerschätzt d'Krisen

Pit Everling
D‘Oppositioun huet op den RTL-Summer-Interview mam Premier Luc Frieden reagéiert.
© RTL

De Staatsminister hätt just punktuell Äntwerte geliwwert a sech e bësse vill entspaant ginn, dat an Zäiten, déi ganz schwiereg sinn. Esou reagéiert de Piraten-Deputéierte Sven Clement am RTL-Interview.

Sven Clement reagéiert op Summer-Interview mam Luc Frieden.
"Opfälleg, datt de Premier sech nach ëmmer net bewosst ass a wéi ville Krise hei zu Lëtzebuerg liewen"

De Regierungschef géing bëssen nieft der Realitéit liewen. Hien hätt net vill iwwer déi däischter Perspektive fir d'Staatsfinanze geschwat, bedauert d‘Sam Tanson vun Déi Gréng. Mat Bléck op d'Gestioun vun zukünftegen Hëtztwelle géingen d'Léisunge vun der Regierung definitiv net wäit genuch.

Sam Tanson reagéiert op de Summer-Interview mam Luc Frieden
Begréngung "eng vun de Prioritéiten, déi dës Regierung definitiv net op der Agenda huet"

De Marc Baum vun Déi Lénk stellt fest, datt d'Logementspolitik net gräift an datt de Premier keng valabel Léisungen ze proposéieren huet.

Marc Baum reagéiert op de Summer-Interview mam Luc Frieden
Solutiounen, déi zanter 30 Joer net funktionéieren, géife riicht virugefouert ginn, sou den Deputéierte vun déi Lénk.

De Premier Luc Frieden sot, datt een d'Russe réischt géing un de Verhandlungsdësch bréngen, wa se geschwächt wieren. Den ADR-Deputéierte Fred Keup gesäit doranner eng gewëss Ouverture fir Negociatiounen.

Fred Keup reagéiert op Summer-Interview mam Luc Frieden
Premier hätt am Kontext vun Negociatioune mat Russland "eng kleng Ouverture" gemaach.

Als eis Invitée vun der Redaktioun hat och d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding e Freideg de Moie bei eis op der Antenn op de Summer-Interview vum Luc Frieden reagéiert. Kuckt d'Emissioun nach emol hei:

De ganzen RTL-Summerinterview mam Premier Luc Frieden fannt Dir hei, oder op RTL Play:

Back to Top
CIM LOGO