
Den Tribunal administratif huet säi Recours nämlech als fondéiert ugesinn an zwou Decisioune vum Carole Dieschbourg ofgeännert: Deemno war keng Autorisatioun néideg fir d'Installéiere vun enger Remorque, déi als Schutz fir Beiestäck benotzt gëtt.
Am Juli 2017 hat de Mann eng Demande beim Ministère eraginn. Hie wollt méi spéit d'Geneemegung dofir kréien, en Unhänger, deen ëmgebaut gouf zum Schutz vu Beiestäck, op engem Terrain vun der Habschter Gemeng opzestellen.
D'Ministesch hat déi Demande am Januar 2018 verworf, well dem Mann säi Projet als Constructioun net ënnert en Artikel vum Naturschutzgesetz vun 2004 fale géif. De Mann hat e puer Deeg drop e Recours gracieux géint déi Decisioun agereecht, ma dee gouf am August 2018 zréckgewisen. De Mann war de Mount drop op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Do war am Juni zejoert decidéiert ginn, dass de Recours dem neien Naturschutzgesetz vun 2018 no ze préiwe wär an déi zwou Parteie sech dozou positionéiere sollten. Déi éischt Riichter halen an hirem zweeten Urteel fest, dass d'Remorque an enger Gréngzon steet an, fir eng Constructioun ze sinn, „une certaine emprise au sol" bräicht. Den Unhänger géif de Buedem awer net beréieren, am Géigesaz zu de Rieder an der Attache; d'Remorque wär dofir net als Constructioun unzegesinn. Deemno wär et falsch gewiescht, dass d'Ministesch d'Demande refuséiert hat, fir den Unhänger op deem Terrain z'installéieren. Well d'Remorque keng Constructioun duerstelle géif, wär och keng Geneemegung dofir néideg gewiescht. Den Unhänger wär just gebraucht ginn, fir Beiestäck tëschenzelageren, de Mann nëmmen dohi gaangen, fir den Ënnerhalt vun deene Stäck an d'Remorque och net, engem aneren Artikel vum Gesetz vun 2018 no, als Roulotte, Caravane oder Mobilhome ze betruechten. Och dat wär also als Refus-Argument ze verwerfen. Zum Parke vum Unhänger wär et fir de Staat och an engem wichtege Korridor fir d'wëll Kaz komm: Et wär awer puer Behaaptung, dass dat sou e wichtege Korridor fir d'wëll Kaz wär an dass der do wären, soudass de Refus vun der Ministesch och net dorop ze fondéiere wär. De Staat hätt zu gudder Lescht och net bewisen, dass deen Terrain an enger Zone protégée d'intérêt national léich.
D'Decisioune vun der Ministesch wären deemno am Sënn ze reforméieren, dass keng Autorisatioun néideg war fir d'Installéiere vun der Remorque, déi als Schutz fir Beiestäck benotzt gëtt. De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vun 2.000 € zegutt.