FNEL feiert Schluss vum Schouljoer1.300 Guiden a Scouten zesummen um 103. Pow-Wow

Tim Hensgen
Ronn 1.300 Guiden a Scouten aus 25 Gruppen hu sech e Sonndeg zu Bouneweg fir den 103. Pow-Wow vun der FNEL getraff, bei deem dëst Joer d'Villfalt vu Lëtzebuerg am Mëttelpunkt stoung.

D'FNEL an de Grupp Lions Bleus Bouneweeg hunn e Sonndeg op den 103. Pow-Wow, den traditionelle Joresofschloss vum Scouts- a Guidemouvement vun der FNEL zu Lëtzebuerg invitéiert. Ronn 1.300 Memberen aus 25 Gruppe waren zesummen an hu fir Valeuren a Gedanken och mat de Leit vu bausse gedeelt, an dat ënnert engem ganz bestëmmten Thema.

An zwar hunn d'Lions Bleus den 103. POW-WOW zum Theema Lëtzebuerg organiséiert.

"Et ass eis ganz wichteg, fir einfach d'Villfalt vun eisem Land duerzestellen, fir ze weisen, wéi vill Kulturen, vill Geschichten a speziell Saachen et zu Lëtzebuerg gëtt. An dat wëlle mer duerch Spill a Spaass vermëttelen", esou d’Julie Bové, Commissaire général vun der FNEL.

Et war déi éischte Kéier, dass de Pow-Wow um Haaptsëtz vun der FNEL organiséiert gouf.

De Scoutismus ass am Wandel, och wann de Wäertesystem zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen, net geännert huet. Et ginn nach ëmmer vill Leit, déi eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft wëlle spillen.

De Lion bleu Lex Schmitt, Organisateur vum Pow-Wow, erkläert:

Egal, ob een aktiv ass oder net, et ass een ëmmer iergendwann eng Kéier Scout gewiescht, an dat bleift een och. De Scoutismus lieft, et gesäit een, wéi vill Leit haut hei sinn an eise Grupp och wiisst, an dat ass ëmmer schéin ze gesinn, wéi ëmmer nei Kanner derbäi kommen a vun neie Schäffen och encadréiert ginn.

Och de Pow Wow 2026 war erëm en Highlight, zumools fir all déi Guiden a Scouten, déi sech dem Scoutsgesetz verschriwwen hunn – vu Wëllefcher iwwer d'Explorer bis bei déi jonk Cheffen.

Fir Kanner ass et wichteg, hëllefsbereet ze sinn, zesummen eng schéin Zäit ze erliewen an dobäi wichteg Wäerter fir d'Liewe mat op de Wee ze kréien. Ënnert anerem, wéi een zu enger besserer Gesellschaft bäidroe kann an d'Natur schütze kann – an och mol de Cheffen ze follegen, soss géif et jo Chaos ginn.

Pow-Wow, eng Manifestatioun, déi genee ewéi de Scoutismus net sou séiert zu Lëtzebuerg verschwannen dierft.

Back to Top
CIM LOGO