Soll Ufank 2028 fäerdeg sinnButschebuerger Strooss zu Diddeleng kritt en neie Look

Christophe Hochard
D'Butschebuerger Strooss zu Diddeleng gëtt bis Ufank 2028 mat verbreeten Trottoiren, Vëlosspueren an nohaltegem Asphalt moderniséiert, fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren.

6,5 Milliounen Euro si virgesinn, fir déi vill befuere Butschebuerger zu Diddeleng ze moderniséieren a spéitstens Ufank 2028 soll se fäerdeg sinn. 

D'Ëmbauaarbechten hunn am Juni 2025 ugefaangen an d'Strooss soll e e komplett neie Look kréien. Trottoire gi verbreet, Plaz entsteet fir de Vëlo, e méi nohaltegen Asphalt gëtt benotzt a vill Beem komme laanscht d'Strooss stoen.

Ausserdeem gëtt an Zukunft an dëser wichteger Strooss fir Diddeleng den Tempo op 30, respektiv 20 Kilometer an der Stonn reduzéiert.

Ma net just d'Strooss selwer gëtt erneiert, och ënnert der ronn ee Kilometer laanger Strooss gëtt alles renovéiert, vun de Kanäl fir d'Ofwaasser bis hin zu de Kabele fir d'Post an d'Elektresch. Bis Enn 2027 oder Ufank 2028 daueren d'Aarbechten, déi ënnert der Leedung vun de Ponts et chaussées.

D'Käschte belafe sech op 6,5 Milliounen Euro – Fraisen, déi zu zwee Drëttel vun der Gemeng Diddeleng iwwerholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO