Christi HimmelfaartKee klassesche Pelerinage bei d'Muttergottes vu Fatima zu Wolz

Christophe Hochard
D'Organisateuren argumentéieren, et wier onverantwortlech, datt sou vill Leit beienee kommen.
Archivbild aus dem Joer 2018
Archivbild aus dem Joer 2018
© RTL

Normalerweis sinn op Christi Himmelfaart eng 15.000 bis 20.000 Leit op Wolz gepilgert komm. D’Kierch zu Nidderwolz ass allerdéngs op fir jiddereen, deen dohinner biede komme wëll. Dat war déi lescht Joren an der Pandemie och schonn de Fall. En Donneschdeg den Owend um 18 Auer war nach eng Mass mam Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Trotzdeem hu sech en Donneschdeg de Moien eng Partie Gruppen zu Fouss op de Wee op Wolz gemaach. Ënnert anerem am Heischtergronn, zu Ettelbréck an zu Nidderfeelen sinn d’Leit fréi op gestanen, fir der portugisescher Traditioun nozegoen.

An der Kierch eng Käerz ufänken an am Stëlle bieden. D’Fatima ass e klengt Dierfchen am Norde vu Portugal. Den 13. Mee 1917 ass d’Muttergottes dräi Hiertekanner erschéngt.

Op der Kopp genannt “Op Baessent” steet d’Monument “Notre Dame de Fatima”. Zanter de 60er Jore pilgeren all Joers zegdausende Gleeweger bei d’Muttergottes. Haaptsächlech portugisesch Matbierger.

Weider Detailer fannt Dir op www.cathol.lu.

Back to Top
CIM LOGO