Coronavirus zu LëtzebuergKee positive Fall bei 337 Tester, een Doudege bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 815 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Zanter bal engem Joer, ass et déi éischte Kéier, dass keen neie positive Corona-Fall dobäikomm ass, dat bei 337 Tester.

Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 877 aktiv Infektiounen. 68.240 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 345.574 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO