RegierungsrotKeng nei Moossnamen am Kampf géint de Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
"D'Situatioun huet sech op engem héijen Niveau stabiliséiert, allerdéngs kann een nach net soen, datt mer d'Kéier kritt hunn", esou d'Paulette Lenert.
© Jean-Christophe Verhaegen

Keng nei Corona-Mesuren / Reportage Dany Rasqué

D'Regierung huet e Freideg am Conseil keng nei Moossnamen am Kampf géint de Coronavirus geholl.

Et geséich een, datt sech eng Kéier undeit, mä et misst een nach e puer Deeg ofwaarden, fir déi bestätegt ze kréien, sou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview.

Zu den Indicateuren, déi drop hindeiten, datt d'Situatioun sech entspaant, gehéiert de Reproduktiounstaux, deen elo erëm méi no bei 1 ass - d'lescht Woch war en nach bei 1,6 - an et geséich een um Niveau vum Large Scale Testing, datt de Prozentsaz vun de Leit, déi positiv sinn, och ufänkt erofzegoen.

Dat alles geet awer net duer. D'Paulette Lenert betount, datt e richtegen Abroch um Niveau vun den Neiinfektiounen néideg ass. Deen Abroch misst an deenen nächsten Deeg méi däitlech ginn an dofir gëtt d'Regierung sech e weidere Rendez-vous Mëtt der nächster Woch.

Do gëtt dann nach emol de Point gemaach an der Hoffnung, datt de Message bei de Leit ukomm ass an datt déi Mesuren, déi elo en place sinn, respektéiert ginn. Wann dat de Fall ass, esou d'Gesondheetsministesch, misst d'Situatioun sech verbesseren an dat wier och wierklech néideg.

Kritesch Situatioun an de Spideeler

An de Spideeler zum Beispill ass et kritesch an d'Paulette Lenert rechent domadder, datt d'Klinicke relativ kuerzfristeg an d'Phas 4 ginn. Et wier een op engem Niveau ukomm, deen immens vill fuerdert. Notamment vun de Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen. Hinne seet d'Ministesch Merci fir hiren Asaz.

Fir bëssen Entlaaschtung an den Urgencen an och bei de Generalisten huet de Centre de consultation Covid gesuergt, deen um Kierchbierg opgaangen ass. Déi Struktur wier genee zum richtegen Zäitpunkt opgemaach ginn.

Fir de Süden ass e Centre de consultation Covid zu Esch geplangt. Deen ass schonn opgeriicht, e fonctionéiert den Ament als Testzenter. Nach géif et kee Grond ginn, e fir Covid-Consultatiounen opzemaachen, mä iwwert d'Cellule de crise wier een all Dag am Echange mat de Spideeler an de Generalisten, fir ofzeweien, wéini den Drock esou grouss gëtt, fir en zousätzlechen Zentrum opzemaachen.

Wat déi allgemeng Situatioun ugeet, betount d'Paulette Lenert, datt ee wierklech drop ugewisen ass, datt jiddwereen eng Hand mat upéckt an deem ee seng sozial Kontakter limitéiert an och de gesetzleche Kader net onbedéngt maximal ausnotzt.

D'Ministesch mécht en Appell, en Effort zu maachen aus Solidaritéit mat deene Mënschen, déi am Gesondheetssecteur schaffen.

Leit ginn nees op Antikierper getest

D'Gesondheetsministesch sot am RTL-Interview, datt elo an der zweeter Phas vum Large Scale Testing d'Leit och erëm op Antikierper getest ginn. En Deel vun der Populatioun war schonn eng Kéier zu engem méi fréien Zäitpunkt getest ginn, dat geschitt also elo nach eng Kéier an do sinn och schonn Invitatioune fir dee spezifeschen Test erausgaangen.

D'Paulette Lenert leet jidderengem un d'Häerz, deen esou eng Invitatioun kritt, dësen Test ze maachen. Dat wier immens wichteg. Si explizéiert, datt et bësse méi en opwännegen Test ass, dee gemaach gëtt. D'Leit kréie Blutt geholl.
Et wieren awer immens wäertvoll Informatiounen, déi d'Santé op déi Manéier géif kréien.
Si géifen Opschloss driwwer ginn, wéi de Virus sech verbreet huet a wéi vill Leit schonn Antikierper opgebaut hunn.

Wat soen d'Leit iwwert déi aktuell Corona-Situatioun?

Wat soen d'Leit iwwer aktuell Corona-Situatioun?
Wat ass d'Meenung iwwer d'Mesurë vun der Regierung?

RTL-Artikel: Santéskommissioun: Breet Kritik vun der Oppositioun un der Strategie vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO