Christian Baudis, Zukunftsfuerscher a fréiere CEO vu Google DäitschlandKënschtlech Intelligenz: "D'Responsabilitéit läit beim Mënsch"

RTL Lëtzebuerg
Déi kënschtlech Intelligenz ass eng Technologie, déi sech rasant entwéckelt an déi a ville Beräicher en enormt Potential huet.
© Dany Rasqué

Mir kënne mat KI vill Zäit spueren, mä et ginn natierlech och Risiken. Alles hänkt dovunner of, wéi een dës Technologie notzt, seet den Zukunftsfuerscher a fréiere Generaldirekter vu Google Däitschland. De Christian Baudis war en Donneschdeg den Owend fir eng Konferenz vun der Direktioun fir de Konsumenteschutz, der Unioun vum Konsumenteschutz an dem europäeschen Zenter vun de Verbraucher zu Lëtzebuerg.

Kënschtlech Intelligenz - Reportage Dany Rasqué

D’Responsabilitéit, fir dat wat d’Kënschtlech Intelligenz mécht, läit beim Mënsch, ënnersträicht de Christian Baudis.
A sengen Aen huet déi Technologie ënnert anerem grousst Potential an der Agrikultur, an der Santé oder och an der Fuerschung. Déi pharmazeutescher Recherche zum Beispill géif ëmmer méi an ëmmer besser iwwert d’KI gesteiert ginn.

“Ech ka wesentlech besser Medikamenter produzéieren, ech ka Medikamenter produzéieren, fir Krankheeten, déi eng Pharmaentreprise eigentlech guer net géif produzéieren, well et ze deier ass, well et net genuch Krankheeten an deem Beräich gëtt. Kënschtlech Intelligenz kann dat méiglech maachen. Ech kann op eng Kéier Medikamenter entwéckele fir rare Krankheeten, déi ech fréier net konnt entwéckelen.”

Dës Virdeeler vun der Kënschtlecher Intelligenz misst ee fërderen, seet de Christian Baudis. D’Nodeeler esou staark reglementéieren, datt se hoffentlech keng negativ Auswierkungen op d’Demokratie hunn.
Dat ass nämlech eng vun de Gefore bei der KI.

“Do geet et ëm politesch Meenung, et geet ëm politesch Beaflossung. Déi kënschtlech Intelligenz ka jo an Tëschenzäit esou gutt Stëmmen nomaachen an och Videoe produzéieren, datt kee méi weess, ob dat elo authentesch ass oder net. Ob elo grad de President oder d’Presidentin geschwat huet oder net, an dat fannen ech eigentlech en Thema, wou de Konsumenteschutz sech hin orientéiere soll. Wann ech prioriséiere géif, wier fir mech “Fake News” ee vun deenen alleréischte Sujeten, mat deenen de Legislateur sech beschäftegt, well de Konsument dat eeben net beurteele kann, wat elo richteg a falsch ass.”

Dat kann zu engem Vertrauensverloscht féieren, well een d’Tendenz huet léiwer näischt ze gleewen, wann een net weess wat richteg a wat falsch ass. D’KI géif et awer och méiglech maachen ze erkennen, ob eppes gefälscht ass oder net.

© Dany Rasqué

“Eigentlech muss ech a Programmer investéieren, déi soen dat diffuséiere mer net, dat dierf elo op Instagram net gewise ginn oder esou. Do misst de Legislateur agräifen, well den Ënnerscheed ass esou kleng, datt Konsumente sech guer net méi orientéiere kënnen.”

Sou eng Reglementatioun muss natierlech politesch gewollt sinn a vläicht ass se dat eeben net iwwerall op der Welt.
Den Dateschutz am Zesummenhank mat der Kënschtlecher Intelligenz gesäit de Christian Baudis net als grouss Gefor. Do wiere mer an Europa gutt geschützt, mä natierlech misst och jiddwer eenzelen e Gefill dofir kréien wéi en online mat sengen Daten ëm geet.

Back to Top
CIM LOGO