An der ChamberKI gëtt fir ze Transkribéieren, fir den Archivage a fir d'Iwwersetzen agesat

Fanny Kinsch
Et geet net drëm, dass d'Kënschtlech Intelligenz de Mënsch soll ersetzen, ënnersträicht de Laurent Scheeck, Generalsekretär vun der Chamber.

D’Chamber huet elo eng Charta fir Kënschtlech Intelligenz. Domat wier een eent vun den éischte Parlamenter an der EU, dat sech esou e Reegelwierk gëtt, huet d’Chamber rezent matgedeelt. Ugeleent un eng deementspriechend EU-Direktiv sinn doran 10 Richtlinne fir den Ëmgank mat der kënschtlecher Intelligenz festgehalen. D’Fanny Kinsch huet mam Generalsekretär vun der Chamber iwwert den Asaz vun der KI geschwat.

Viru 4 Joer hätt d’Chamber ugefaange Projete mat kënschtlecher Intelligenz auszeschaffen, sou de Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck. Et hätt een et elo wichteg fonnt, fir sech en ethesche Kader ze ginn. Notamment dierft d’KI de Mënsch net ersetzen.

“Dat ass absolut ausgeschloss. An dofir hu mer, fir an aller Transparenz ze kommunikéieren a fir d’Leit och ze berouegen, hu mer decidéiert eng KI-Charta ze entwéckelen.”

Doran ass also festgehalen, datt d’KI ënnerstëtzend soll agesat ginn, awer och datt d’Leit, déi an der Chamber schaffen, forméiert a sensibiliséiert ginn, an datt bei all KI-Projet eng Risikoanalys gemaach gëtt.

“Fir dass mer déi Méiglechkeeten, déi vun der KI gebuede ginn, dass mer déi kënnen ausschöpfen, an dass mer gläichzäiteg awer och Ängschten ewech huelen.”

Viséiert ass net d’politesch Aarbecht, de Kader gëllt fir d’Mataarbechter vun der Chamber. Aktuell gëtt d’kënschtlech Intelligenz an dräi Beräicher an der Chamber agesat: fir ze Transkribéieren, fir den Archivage a fir d’Iwwersetzen.

“Do, wou mer relativ gutt virukomme sinn, dat ass op deem éischte Projet, nämlech d’Transkriptioun vun de Chamberdebatten, wou mer elo schonn den Tool, dee mer mat der Uni Lëtzebuerg zesummen entwéckelt hunn, asetzen.”

Et géing een och envisagéieren, fir bei der Iwwersetzung mat der Uni zesummenzeschaffen, sou de Laurent Scheeck.

“Well et ass d’Prioritéit, déi d’Chamber sech gesat huet, fir ee Sous-titrage unzebidden an Zukunft, wou mer dann dem linguistesche Pluralismus hei am Land méi gerecht kënne ginn.”

Beim Archivage géing d’kënschtlech Intelligenz hëllefen, fir sensibel Donnéeën z’identifizéieren. Dat géing hëllefen d’Dokumenter ze kategoriséieren an z’analyséieren.

Back to Top
CIM LOGO