Héicht Betteng op der MessKläpperei am Zuch - Eng Persoun huet d'Nuecht am Arrest musse verbréngen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend krut d'Police gemellt, dass zwou Persoune sech am Zuch zerklappe géifen, dat an der Géigend vun der Gare Dippech/Reckeng.

Eng Policepatrull konnt eng vun den implizéierte Persounen am Zuch untreffen. De Mann war alkoholiséiert an nawell zimmlech onkooperativ. En huet d’Nuecht am Arrest verbruecht. Déi zweet Persoun konnt iwwerdeems net ermëttelt ginn.

Zu Schieren gouf e Méindeg den Owend e Mann an der Géigend vun der Gare vun zwee onbekannten Täter iwwerfall. E krut säi Portmonni, säin Handy an e Rucksak geklaut. D’Affer huet musse mat Blessuren an d’Spidol bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO