
Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, konnte si eng vu béiden untreffen. Dës ass éischten Informatiounen no vun engem Mann attackéiert ginn a koum fir Ënnersichungen an e Spidol. De presuméierten Täter konnt méi spéit vun der Police ermëttelt ginn. Géint hie gouf op Uerder vum Parquet e Protokoll erstallt.