Aus dem PolicebulletinKläppereien, Streidereien, Abréch a Stéiere vun der Nuetsrou

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police net manner ewéi 55 Mol missen ausrécken.

Dat well d’Nuetsrou direkt op e puer Plazen net respektéiert gouf. Ma och bei Streidereien a Kläppereien hunn d’Beamte missen intervenéieren. An deene meeschte Fäll konnt d’Situatioun nach op der Plaz gekläert ginn.

An engem Fall, krut d’Police eng Kläpperei gemellt, ma am Endeffekt sollt sech awer erausstellen, dass et sech ëm en Iwwerfall gehandelt huet. D’Affer krut hei mëttels Gewalt Sue geklaut an huet nom Tëschefall missen am Spidol traitéiert ginn. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Weiderhi krut d’Police dann zwee Abréch gemellt.

E Samschdegnomëtteg gouf an e Lokal an der Rue Chimay an der Stad agebrach. Éischten Informatiounen no gouf hei en Tresor geklaut.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf et dann en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Gaalgebierg zu Jonglënster. Hei haten d’Brigangen ënner anerem e puer Auere matgeholl.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geruff an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO