An der SilvesternuechtKleng Bränn op e puer Plazen uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë vum CGDIS waren an der Silvesternuecht op e puer Plazen uechter d'Land am Asaz.

Néng Mol war et opgrond vu Freedefeier zu klenge Bränn komm.

Donieft hat kuerz no 19 Auer en Dënschdegowend an engem Gaart der Rue Jean-Pierre Bausch zu Esch e Schapp gebrannt a géint 1.10 Auer e Mëttwoch de Moien gouf et e Feier um Balcon vun engem Appartement an der Rue Dicks-Lentz zu Déifferdeng.

A kengem vun dëse Fäll ass eng Persoun zu Schued komm.

Permanence-Ekippen: Ëmmer am Asaz, och op Silvester an Neijoerschdag

Back to Top
CIM LOGO