Deenen enge geet se ze wäit, deenen aneren net wäit genuchKleng Gemenge kritiséieren Erhéijung vum Congé politique

Marc Hoscheid
De Syvicol-President Emile Eicher hätt sech gewënscht, datt d'Buergermeeschtere vun deene klenge Gemenge méi Congé politique bäikritt hätten.

D’Membere vun de Gemengeréit, also déi einfach Conseilleren, d’Schäffen an d’Buergermeeschteren, hunn zanter dem 1. August méi Congé politique zegutt, wéi dat bis dohin de Fall war. Domadder gräift d’Regierung eng Fuerderung vum Gemengesyndikat Syvicol op. Do weist ee sech dann och zimmlech zefridde mat där Decisioun. Aus deene méi klenge Gemenge kënnt par Konter Kritik. Ma déi fält awer deels ganz ënnerschiddlech aus.

Zanter dem 1. August hunn d’Buergermeeschtere vun deene Gemengen, déi 6.000 oder méi Awunner hunn, 40 Stonne Congé politique zegutt. Wärend dat bei Gemenge mat 10.000 oder méi Awunner scho virdrun de Fall war, kruten déi mat 6.000 bis 9.999 Awunner 12 Stonne bäi. De Syvicol-President Emile Eicher ass 1. Schäffen zu Clierf, mat eppes méi wéi 6.000 Awunner. Hie fënnt et justifiéiert, datt de Congé politique fir sou Gemengen an deem Mooss an d’Luucht geet.

“Wann ech lo zum Beispill eis Gemeng hei kucken, Fusiounsgemengen, wou ganz aner Challenge kommen, fir déi iwwerhaapt mol beieneen ze fannen. Bei 6.000 kënns de a ganz ville Beräicher op eng Masse critique, wou s de dech anescht muss organiséiere wéi drënner. An dee Moment ass d’Aarbecht wärend där Zäit, fir sech iwwerhaapt mol ze strukturéieren, immens opwänneg.”

Den Emile Eicher hätt sech awer gewënscht, datt d’Buergermeeschtere vun deene klenge Gemenge méi Congé politique bäikritt hätten. Wann d’Gemeng manner wéi 3.000 Awunner huet, kréien d’Gemengepappen a Mammen nämlech “just” zwou Stonne bäi. De Gerard Zoller steet un der Spëtzt vu Sëll, der eenzeger Gemeng vum Land, déi manner wéi 1.000 Awunner huet, 992 fir genee ze sinn. Hien huet elo als Buergermeeschter 11 amplaz 9 Stonne Congé politique zegutt. Dat féiert awer net derzou, datt hie vu Freed an d’Luucht spréngt.

“Dir wësst, datt ech och Privatpatron sinn a mir hu schonn eng Partie Congéen, déi mer mussen assuméieren an de Privatbetriber, hei komme lo nach e puer Stonnen derbäi. An ech fäerten, datt dat doten awer ëmmer méi dozou wäert féieren, datt ëmmer manner Leit aus dem Privatsecteur sech wäerten trauen, sech an der Politik ze engagéieren. Sou datt mer enger ganzer Bevëlkerungsschicht keen Accès méi zur aktiver Politik ginn. Et ass dat, wat ech schued fannen.”

De Gerard Zoller plädéiert dofir, datt de Schäfferot sech drop beschränkt, déi grouss politesch Linne virzeginn an d’Gemengepersonal sech ëm d’Detailer bekëmmert. Als Beispill nennt hien d’Faarf vun den Toilettendieren an der Maison relais. De Romain Schroeder ass Buergermeeschter vu Wanseler, eng Gemeng, déi net vill méi grouss wéi Sëll ass, a gesäit dat liicht anescht. Hie fënnt, datt d’Buergermeeschteren aus deene klenge Gemenge par Rapport zu deenen aus de mëttlere benodeelegt ginn.

“Kleng Gemengen hu selbstverständlech och eng aner Unzuel vu Beamten do sëtzen, sou datt de Buergermeeschter och méi present muss sinn. Well eben, net wéi a grousse Gemengen, ee Sekretär mat dräi Adjointen do sëtzt, mee ee Sekretär. A wann deen net do ass, muss gekuckt ginn, fir déi Zäit ze iwwerbrécken an déi bleift dann am Normalen um Buergermeeschter mat hänken.”

De Romain Schroeder plädéiert dofir, datt Buergermeeschtere vu Gemenge mat 1.000 bis 2.999 Awunner op mannst 20 Stonne Congé politique kréien. Datt d’Zuel elo vun 13 op 15 eropgaangen ass, wier zwar gutt, géing awer net duergoen.

Back to Top
CIM LOGO