
Dat no 20 Joer Diskussiounen an dräi Joer Negociatiounen, heescht et am gemeinsame Communiqué vum OGBL, LCGB an der Patronatsvertriedung Fedil Catering.
Dora sinn ënnert anerem linear Salaireshausse fir dat nächst an iwwernächst Joer festgeluecht op Gehälter, déi ënnert dem qualifizéierte Mindestloun leien. Donieft gi Sonndes- a Feierdagsstonnen extra bezuelt. An Employeure kënne Referenzperiode fir d’Aarbechtszäite vu bis zu engem Joer festleeë fir Leit, déi a Strukture schaffen, wou et Schoulvakanze ginn.
Alles an allem fale méi wéi 3.000 Salariéen ënnert dësen neie Kollektivvertrag, deen elo 3 Joer laang gëllt.