
Wéi de CGDIS mellt, goufen dräi Persoune blesséiert. Nieft de Secouristen aus der Nordstad, vu Lëntgen Biissen a Colmer, war och den Ettelbrécker Samu-Noutdokter am Asaz.
Géint 20.10 Auer hat et dann nach zu Schous an der Rollenger Strooss gebrannt. Hei waren de Rettungsservice aus der Fiels souwéi d’Pompjeeë vu Fëschbech a Lëntgen op der Plaz. Kengem ass eppes geschitt.
Wéi de CGDIS weider mellt, koum et e Freideg de Moien zu enger weiderer Kollisioun tëscht méi Gefierer. Dräi Autoen hu sech op der RN07 Héicht vun Ierpeldeng ze pake kritt, eng Persoun gouf dobäi verwonnt.