Dass de Mënsch den Déieren lues a lues Liewensraum ewechhëlt a responsabel ass fir de Klimawandel ass u sech keng Neiegkeet, mee et gëtt engem eréischt esou richteg bewosst, wann een d’Stierwe vun de Bëscher gesäit. De Staat kompenséiert d’Flächen, déi en der Natur ewechhëlt, an dat kann da nees e negativen Impakt op d’Wëld an d’Wëldschied hunn.
Den 2. Deel vun eisem Reportage iwwer d’Gatter, dat um Scheierbierg nieft Luerenzweiler ëmlouch, weist dass d’Kompromëssbereetschaft esou munch Problemer kéint léisen. Dass kompenséiert gëtt ass vum Prinzip hier tipp topp, mee wéi déi Kompensatioune gemaach ginn, gefält der Jeeërfederatioun net onbedéngt. Hei uewen op der Kopp, iwwer Luerenzweiler, wier déi ofgespaarte Fläch einfach ze grouss! D’Gattere méi kleng halen, dem Wëld eng Chance ginn, fir sech nieft dem Mënsch nach erëm ze fannen.
Weider kee Wëldschued op de ronn 3 Hektar – nach emol gutt gaang, trotz de Lächer am Gatter. An awer feelt, a punkto Wëldschied, um Terrain e Kompromëss.
Dës Woch hu si zwee matenee geschwat, fir d’éischt wéi et schéngt, iwwer - "e banale Naturschutzprojet". Hei soll neie Bësch uwuessen, no internationale Reegelen, fir d’Bëscher, géint de Klimawandel. Eechen, Hobuchen, eng Mëschung, déi genee hei op d’Plaz passt.
Esou laang bis déi jonk Schëtz esou héich gewuess sinn, dass hir natierlech Feinden net méi dru kommen. Wa se ewéi hei ofgeschnidde goufen, hëlleft och e Gatter näischt. Déi dréche Summeren stressen eis Planzen an hir schlecht Gesondheet huet a Saache Bëschautobunnen elo en Ëmdenke bruecht.
Eng Zort Moratoire, am Intressi vum Klima, ob een dat mam Wëld ka maachen, ass eng aner Diskussioun. Zënter dem 1. Abrëll gëllen nei Juegdlousen: Mol kucken, wat dat bréngt.
RTL NEWS: Tëscht Luerenzweiler a Schwunnendall E Gatter mat Kommunikatiounsproblemer