An der StadKoppel um Knuedler iwwerfall - Police sicht no Verdächtegen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf eng Koppel um Knuedler vun zwee Onbekannten iwwerfall.
© Fabienne Zwally / RTL-Archiv

Géint 17.45 Auer stounge si virun engem Geschäft, wou si vun zwee Verdächtege vun hannen ugerempelt goufen. Wärend d’Koppel ofgelenkt war, gouf der Fra Boergeld aus hirer Posch geklaut. D’Täter hu sech dunn aus dem Stëbs gemaach.

D’Police sicht elo no de Verdächtegen, déi tëscht 25 an 28 Joer al sinn. D’Police beschreift si als dënn an éischter kleng. Si haten donkel bis schwaarz Hoer an ee vun hinnen hat ee schwaarze Vollbaart. Allen zwee hätte se gebrachent Franséisch geschwat.

Fra klaut an der Avenue de la Gare

E Mëttwoch de Moie koum et an der Avenue de la Gare an der Stad zu engem gewaltsamen Déifstall an engem Buttek. Déi presuméiert Täterin huet probéiert, sech duerch d’Bascht ze maachen, ma konnt op der Plaz festgehale ginn, bis d’Police koum. Op Uerder vum Parquet gouf d’Fra, déi scho fir änlech Faite virbestrooft ass, festgeholl. Si gouf dem Untersuchungsriichter presentéiert, deen Haftbefeel géint si erlooss huet.

Back to Top
CIM LOGO