ALJPKritik wéinst Ännerunge bei der Reform vun der Pressehëllef

RTL Lëtzebuerg
An engem oppene Bréif fuerdert d'Lëtzebuerger Journalisten-Associatioun ALJP eng Entrevue mat der parlamentarescher Mediekommissioun.
Roger Infalt, Generalsekretär vun der ALJP
Roger Infalt, Generalsekretär vun der ALJP
© RTL-Archiv

Hannergrond ass d'Reform vun der Pressehëllef. Dës wier Ugangs am Dialog mam Secteur ausgeschafft ginn. Am Gesetzprojet deen elo um Dësch läit, stéingen awer Changementer, iwwert déi net geschwat gi wier. Zum Beispill wier de Forfait pro Journalist, vu 50 op 30.000 Euro erofgesat ginn.

An et wieren och technesch Froen, déi e séiert a praktescht Ëmsetze vun der Reform géife verhënneren. Punkten, déi d'ALJP an Avise kritiséiert huet, an awer géif d'Mediekommissioun refuséieren d'Journalistevertrieder ze héieren.
D'Associatioun hofft awer, datt deen Austausch awer nach wäert kommen an onkomplizéiert Léisunge wäerte fonnt ginn, virausgesat de politesch Wëllen wier do.

PDF: Oppene Bréif vun der ALJP

Back to Top
CIM LOGO