D’ONG huet kuerz virum Enn vun der ëffentlecher Consultatioun eng detailléiert Stellungnam vu ronn 30 Säite beim Ëmweltministère agereecht. Fir d’Ëmweltschützer ass kloer: esou wéi de Projet aktuell do läit, dierf en net ëmgesat ginn. “Wann een den Dossier kuckt, bleiwe ganz vill Froen op. Den Dossier ass alles anescht ewéi komplett an e widdersprécht an eisen Aen och der Gesetzgebung am Ëmweltberäich”, esou d’Blanche Weber vum Mouvement écologique.
Konkret kritiséiert d’ONG dräi grouss Punkten: Den héije Stroumverbrauch, dee bis zu 10 bis 15 Prozent vum nationale Verbrauch kéint ausmaachen an net vu reng gréngem Stroum opgefaange gëtt. Eng Energieeffizienz, déi ënnert dem Niveau vu bestoende Google-Zentre läit an onkloer Pläng fir d’Notzung vun der Ofwärmt.
Fuerderung: Projet stoppen an nei evaluéieren
Fir d’ONG ass d’Conclusioun däitlech: De Projet misst a senger aktueller Form gestoppt ginn. “Mir erwaarden, datt d’Regierung seet: Ären Dossier ass net komplett – also nee. Mir werfen eng 30 bis 40 Froen op, déi net beäntwert sinn”, erkläert d’Presidentin vum Mouvement. D’Decisioun läit elo beim Ëmweltministère, deen iwwer déi néideg Autorisatioune muss entscheeden.
Gemeng bleift beim Projet
Op Säit vun der Gemeng Biissen gesäit een d’Situatioun méi nuancéiert. De Buergermeeschter David Viaggi ënnersträicht, datt et sech bei der aktueller Etapp ëm eng normal Prozedur handelt. “Dat ass eng Observatioun, kee Recours. Wat fir eng Repercussiounen dat op de Projet huet, dat muss de Ministère elo kucken.”
D’Gemeng hätt de Projet an de leschte Joren ëmmer nees ugepasst, fir en un de lokale Kader unzepassen. Besonnesch beim Thema Energie géif een no Léisunge sichen. “Mir sinn amgaang ze kucken, wéi een d’Hëtzt, déi iwwereg bleift, ka weider benotzen. Et ginn an der Géigend Betriber an och eng Schwämm, déi dovu kéinte profitéieren.”
Tëscht Kompetitivitéit an Ëmweltschutz
Fir de Buergermeeschter geet et och ëm eng gréisser ekonomesch Fro: Lëtzebuerg misst attraktiv fir Entreprisë bleiwen – ouni dobäi d’Ëmwelt aus den Aen ze verléieren. D’Zil wier eng Balance tëscht wirtschaftlecher Entwécklung an nohalteger Politik.
Laange juristesche Sträit ëm Transparenz
D’Kontrovers ronderëm de Projet zitt sech schonn iwwer Joren. Schonn 2020 hat de Mouvement écologique probéiert, géint de partielle Bebauungsplang fir den Terrain zu Biissen virzegoen – ouni Succès.
Och e weidere Versuch, méi Transparenz ze erzwéngen, ass gescheitert. D’ONG hat Accès zu enger Absichtserklärung tëscht der Regierung, der Gemeng a Google gefuerdert. No engem laange juristesche Sträit huet d’Justiz awer decidéiert, datt dëst Dokument net muss verëffentlecht ginn.
Decisioun nach virum Summer?
Wärend den Ëmweltministère elo iwwer de Projet decidéiere muss, schafft d’Gemeng parallel un der Baugeneemegung. Dës kéint – esou de Buergermeeschter – nach virun der Summervakanz erausgoen.
Ob de Google-Datacenter tatsächlech realiséiert gëtt, bleift domat nach op.