
D’Holzfirma géing Tatsaache schafen an einfach eng Industriehal ouni Geneemegung bauen. E Bau, deen huet misste vun der Gemeng gestoppt ginn, sou BIGS.
D’Biergerinitiativ huet dem Economieministère schrëftlech eng Rei Objektioune matgedeelt. Elo wier een och nach aus engem Dossier beim Wirtschaftsministère gewuer ginn, datt eng Verbrennungsanlag schonn a Betrib ass, bei där d’Geneemegungsprozedur nach net ofgeschloss ass.
D’asbl BIGS verlaangt vun den zoustännege Ministèren, datt all illegal Aktivitéite vu Kronospan an der Industriezon Gadderscheier gestoppt ginn. D’Biergerinitiativ verlaangt och, datt hir Doleancë bei weidere Projete consideréiert ginn.