Hir Terrassen, Miwwelen a Fassaden wieren deels ganz schwaarz ginn, wéinst enger Fuitte bei der Goodyear. Och nom Brand beim Pneueproduzent virun zwou Wochen, bleift d’Fro wéi et elo weider geet.
Mir si bei de Yynn Pellé op zu Colmer-Bierg Heem gefuer. Säi Stot ass ee vu sëllegen, dee vun der Fuitte Enn November betraff ass. De ganzen Exterieur voll mat schwaarzem Rouscht. No direkt e puer Reklamatiounen aus dem Duerf reagéiert de Pneueproduzent relativ séier:
“De 24. November hu mer direkt op d’Signalementer iwwert déi anormal Presenz vu schwaarzem Rouscht bei eiser Fabrick zu Colmer-Bierg reagéiert. No Enquêten hu mer eng Fuite detektéiert, dës gouf direkt gefléckt. Dëst war en isoléierten Tëschefall. Mir verflichten eis, betraffe Leit ze ënnerstëtzen, fir datt déi néideg Botzaarbechten esou séier ewéi méiglech duerchgefouert ginn.”
Knapp zwee an en hallwe Mount méi spéit ass beim Yann Pellé nach näischt gebotzt. Zwar soll de Pneueconstructeur fir d’Botzaarbechten opkommen. Esou einfach ass dat awer anscheinend net.
De Yann Pellé, Awunner zu Colmer-Bierg:
“Ganz am Ufank krute mer gesot, mir sollen en Devis maache loosse vun iergendenger Botzfirma an deen Devis eiser Assurance schécken fir, datt déi Kontakt ophuele mat der Assurance vun der Goodyear. Eis Assurance wollt dat awer net, well se fäerten, selwer um Schued sëtzen ze bleiwen. Du krute mer gesot, wann eng Assurance géif nee soen, da sollte mer direkt Botzfirma komme loossen an d’Rechnung direkt un d’Goodyear schécken.”
D’Entreprise wier awer elo hirer Meenung no geännert. Elo soll dee Betraffenen d’Sue fir d’Botzaarbechte virstrecken an am Virfeld en Devis aschécken. D’Käschte leien deels bei e puer Dausend Euro – well och Solarplacken an d’Fassade mussen ofgewäsch ginn, respektiv nei traitéiert ginn.
De Yann Pellé:
“Ech hat hinnen en Devis rageschéckt, dee se refuséiert hunn, well do verschidde Punkten drop stoungen, déi anscheinend net noutwenneg sinn, ze botzen. Obwuel déi awer mat hirem Dreck, deen deemools entstanen ass, verschmotzt goufen. Eise Montant ass relativ héich. Mee ech si keen Expert. Ech weess net, ob deen iwwerdriwwen ass oder net. Ech wëll hei och guer kee Profit maachen. Ech wëll einfach just, datt de Schued, deen entstanen ass opgebotzt gëtt.”
Ma d’Pollutioun ronderëm d’Fabrick, déi der Ëmweltverwaltung no offiziell net schiedlech fir d’Gesondheet ass, ass näischt Neies zu Colmer-Bierg.
D’Mandy Arendt, Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg:
“Gréisser Fuitte sinn eis elo net bekannt gewiescht. Déi lescht war effektiv elo am November. Mee do virdrun hunn awer mol nees Leit eis gesot, datt eppes an der Loft wier. Dunn hate mer och mat der Goodyear Récksprooch. Do sinn dann och ganz nei Filteren an den Héichiewen installéiert ginn. Déi sollen dofir suergen, datt et soll besser goen. Elo nom Brand musse mer awer natierlech kucken, wéi déi Situatioun sech evoluéiert.”
Als Gemeng kéint een hei, ausser homologéieren, net vill maachen.
D’Mandy Arendt:
“Mir halen en A dorobber. Mir wëllen natierlech net, datt eis Bierger, déi duerch eng Fabrick zu Schued komm sinn, déi Blöd bei der Saach sinn. Dofir bleiwe mir natierlech drun. Mee do sinn eis awer och als Gemeng d’Hänn e bësse gebonnen.”
Zanter dem 15Januar waart de Yann Pellé elo op eng Äntwert vum Pneueproduzent am Dall. An hofft op séier Léisungen, fir am Fréijoer och uerdentlech vun enger propperer Terrasse profitéieren ze kënnen.