
Fir de leschten Episod verschléit et eis an d’Regioun Osten. Eis Walkabinn stelle mir op der Esplanade an der Gemeng Réimech, der sougenannte Pärel vun der Musel op. Mat 4.015 Awunner ass d’Uertschaft Réimech dat eenzegt Duerf an der Gemeng.
A manner wéi zwou Woche kënnen d’Awunner am Grand-Duché hir Kräizer verdeelen an esou d’Zukunft vun hirer Gemeng mat bestëmmen. Mir hunn d’Leit awer schonn am Virfeld an d’Walkabinn gebieden. Dës Kéier sti mir op der Maartplaz zu Dikrech, wou mir méi iwwert d’Liewen an der Gemeng wëlle gewuer ginn. An do ginn et vill Saachen, déi gefalen, awer och sou munches wat verbessert kéint ginn.
No der Gemeng Lëtzebuerg si mir an der Gemeng Esch-Uelzecht ënnerwee a bauen eis Walkabinn an der längster Foussgängerzone vum Land op. Hei wëlle mir vun den Awunner wëssen, wat hinnen an hirer Gemeng gefält, oder och net gefält a wat si sech vum zukünftege Gemengerot wënschen. Ob d’Minetter wierklech esou direkt sinn, wéi ëmmer behaapt gëtt a “vun der Long op d’Zong” hir Meenung soen, gesitt Dir am Video.
Am éischten Episod féiert et eis an den Zentrum an d’Gemeng Lëtzebuerg. Ganzer 132.778 Awunner ginn et hei, dat ass ronn ee Fënneftel vun der Populatioun am Grand-Duché. Do misste genuch Leit ënnerwee sinn, déi eis eppes iwwert hir Gemeng kënnen erzielen.