Invité vun der Redaktioun (20. Januar)Laurence Diederich, Cheffe-Adjointe vum GSP, dem "Groupe de support psychologique“ vum CGDIS

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien ass psychologesch Ënnerstëtzung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si hëllefen a bidde psychologesch Ënnerstëtzung, wann eppes Schlëmmes geschitt ass: déi Fräiwëlleg vum GSP, dem “Groupe de support psychologique“ vum CGDIS.

En Dënschdeg de Moien ass d’Cheffe-Adjointe Laurence Diederich eis Invitée vun der Redaktioun.

Wéi gesäit dës wichteg an och schwiereg Aarbecht aus? Wou ass de Grupp iwwerall am Asaz?

De GSP sicht och nei Benevollen. Och doriwwer schwätze mer mam Laurence Diederich vum GSP live um 8 am Interview.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO