Südfrankräich3.000 Leit wéinst Bëschbränn evakuéiert

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et vun de Pompjeeën heescht, géif et sech bei der Hallschent vun den evakuéierte Leit ëm Touristen handelen.
No der Hëtzt sinn a Südfrankräich Bëschbränn ausgebrach
© LIONEL BONAVENTURE/AFP

Knapps 3.000 Leit sinn am Süde vu Frankräich wéinst Bëschbränn evakuéiert ginn. D'Feier ass zu Sainte-Marie-la Mer ausgebrach an huet sech relativ séier bis op Canet-en-Roussillon ausgebreet.

Wéi et vun de lokale Pompjeeën heescht, géif et sech bei der Hallschent vun den evakuéierte Leit ëm Touristen handelen, déi op engem vun dräi Campingen ënnerbruecht waren.

Ronn 200 Pompjeeën a véier Läschfligere wieren aktuell am Asaz, fir d'Flamen ënner Kontroll ze kréien, zwee Pompjeeë wiere bis ewell bei dësem Asaz liicht blesséiert ginn, heescht et vun de lokalen Autoritéiten.

Back to Top
CIM LOGO