
Dat kritiséiert Greenpeace e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué a fuerdert déi schwedesch Entreprise op, Verantwortung fir eise Planéit z’iwwerhuelen an hir Liwwerketten z’iwwerpréiwen.
Wéi et nämlech am Schreiwes vun der Ëmweltschutzorganisatioun heescht, wieren an 13 verschiddenen EU-Länner IKEA-Produite fonnt ginn, déi mat der Zerstéierung vun de Bëscher an de Karpaten a Rumänien stinn. Dës lescht Urzäit-Bëscher an Europa leien an Naturschutzgebidder.