
Et geet ëm 48 Projete, vum Stroossebau bis Schoulgebaier. Wéi d’Rapportrice Corinne Cahen vun der DP erkläert huet, géif et ëm eng Steigerung vun der Liewensqualitéit an ëm kuerz Weeër goen:
“Et geet bei de Projeten haut ëm Infrastrukturen, déi eis alleguer zegutt kommen, déi eis Liewensqualitéit verbesseren an eis Weeër méi kuerz maachen. An dat uechtert all Regiounen hei am Land. Iwwerall wäerte spierbar Verbesserunge kommen, sief dat an der Mobilitéit oder a Saache Gebailechkeeten.”