Munitioun fir d'UkrainLëtzebuerg bedeelegt sech un tschechescher Initiativ mat 2 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vum Verdeedegungsministère heescht, wier dës Participatioun awer just en Deel vun der ëmfangräicher militärescher Hëllef fir d'Ukrain.
Symbolbild
Symbolbild
© Ignacio Marin / Anadolou via AFP

De Grand-Duché bedeelegt sech jo zesumme mat der Belsch a mat Holland un der tschechescher Initiativ, fir weider Munitioun baussent der EU ze kafen, déi der Ukrain soll zegutt kommen.

Et hätt een ausserhalb vum Kader vun der tschechescher Initiativ bis haut schonn 11.450 Schoss Artillerie-Munitioun (155mm) kaf an der Ukrain geliwwert. Ufank Mäerz hat de Verdeedegungsministère gemellt, dass ee bis dohi 6.000 Schoss Artillerie-Munitioun un d’Ukrain geliwwert hätt. Dee Montant huet sech deementspriechend mëttlerweil scho quasi verduebelt. Weider Akeef a Liwwerunge si geplangt.

An der Budgetspropos vun der Regierung wier fir d’Joer 2024 e Minimum vu 70 Milliounen Euro u militärescher Ënnerstëtzung fir d’Ukrain virgesinn, heescht et weider am Schreiwes vum Verdeedegungsministère.

Déi administrativ Detailer ginn aktuell nach definéiert.

Back to Top
CIM LOGO