Santésrapport vun OECDLëtzebuerg ënnert de Spëtzereider am Fëmmen, Liewenserwaardung läit bei 83 Joer

RTL Lëtzebuerg
Allgemeng sinn d'Lëtzebuerger Residentë relativ fit a gesond, op d'mannst am Verglach mat aneren europäesche Länner. Am Fëmme läit een awer wäit vir.
© AFP

Dat geet aus dem neiste Rapport vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) ervir.

Santésrapport vun OECD/Reportage Roy Grotz

Zu Lëtzebuerg ginn d‘Leit an der Moyenne ronn 83 Joer al. Domat läit déi Lëtzebuerger Liewenserwaardung mat am héchsten am europäesche Verglach. Just a Spuenien, Italien a Malta ginn d‘Leit am Schnëtt nach méi al. Dobäi kënnt, datt Leit, déi méi wéi 65 Joer al sinn, an der Reegel e gutt Stéck méi fit sinn, wéi an aneren europäesche Länner.

D’Lëtzebuerger Residenten iessen dogéint manner Friichten, drénke méi Alkohol an och d‘Consommatioun vun Tubak ass iwwer déi lescht Joren eropgaangen. An all anerem europäesche Land, ausser Bulgarien, fëmmen d’Leit antëscht manner. Lëtzebuerg läit ënnert den Top 3 bei der Consommatioun vu Vaping-Produiten. Grad bei deene Jonken tëscht 15 a 24 Joer ass Vaping besonnesch beléift. Bei der Cannabis-Consommatioun leien déi Jonk zu Lëtzebuerg iwwerdeems op Plaz 4, hanner Italien, Polen a Bulgarien.

Bei deene Jonke fält och op, datt si méi gezéckert Saachen drénken, manner Uebst iessen an och manner Sport maachen, wéi aner europäesch Jugendlecher.

Dem Rapport no, ass d‘Couverture vu medezinescher Versuergung zu Lëtzebuerg ganz gutt an d’Stéit mussen och manner Suen dofir ausginn, wéi an aneren europäesche Länner.

Fannt hei de komplette Rapport vun der OECD

Back to Top
CIM LOGO