Zu Lëtzebuerg soll d’Booster-Impfung och fir Mannerjäreger vun 12 Joer un erlaabt ginn. D’Invitatiounen dofir mussen awer nach erausgoen. Dat gouf am Regierungsrot festgehalen.
Et missten nach eng Partie Froe gekläert ginn, ier ee sech festleet, ob eng Impfflicht hei am Land kënnt oder net. D’Situatioun vun der héichustiechender Omikron-Variant hätt sou munches geännert. Fir och den Impakt vun dëser op de Pandemieverlaf ze moossen an den Notze vun enger Impfflicht ze definéieren, gouf en Adhoc-Grupp vu 5 Experten zesummegesat, sou de Xavier Bettel.Eréischt wa gekläert ass, dass mer eng Impfflicht géinge brauchen, soll gekuckt ginn, wéi se ëmgesat gëtt. Heifir gouf e Froekatalog ausgeschafft, deen d’nächst Woch soll fäerdeg sinn. Dëse gëtt awer net nëmmen un déi Deputéiert verschéckt, mee u vill verschidden Acteure wéi zum Beispill och Juristen oder den Ethikrot. Awer och d’Ëffentlechkeet soll Abléck kréien.Mat deem Wëssen, wat duerch de Froekatalog gesammelt gëtt, géing da probéiert ginn, e breede Konsens bei der Gesellschaft an an der Chamber ze fannen. “Fir d’éischt soll elo de wëssenschaftlechen Deel séier gekläert ginn an da wéini mer et maachen a wéi”, sou de Premier. Wann ee géing zu der Konklusioun kommen, datt eng Impfflicht gebraucht gëtt, wéilt ee prett sinn.Bei de Froen, ob och Frontalieren ënnert d’Impfflicht falen a wat mat de Leit passéiert, déi sech net wëllen impfe loossen, wier een nach net. Wann et bis esouwäit kënnt, hofft de Premier, och bei bei dësen e breede Konsens ze fannen.Hie géing och net wëlle verstoppen, datt d’Impfflicht keng ideal Solutioun ass, mee wann et keen aneren Auswee aus der Kris géing ginn, misst se ëmgesat ginn.
Eng interessant Decisioun, déi haut vun der Regierung geholl gouf, ass, datt fir de Lëtzebuerger Dag am Pavillon an um Site op der Welt-Expo zu Dubai kee Minister wäert dobäi sinn.De Grand-Duché gëtt den 23. Januar vertrueden duerch de Lëtzebuerger Ambassadeur an de Vereenegten Arabeschen Emiraten.
An à propos Deplacementer: bei Fluch-Reesen, déi vun lo un, vu Ministeren oder Beamten gemaach ginn, wäert Lëtzebuerg an Zukunft d’C02-Emissiounen kompenséieren.Soss am Regierungsrot war et d’Decisioun, datt d’Formatioun fir Affekote wäert reforméiert ginn. An dëse Gesetzes-Text gëtt och d’Ausbildung vun den Notairen an den Dierwiechter integréiert.
Vaccination COVID-19 : « Booster » pour les adolescents à partir de 12 ans et réduction du délai avant le « booster » à 3 mois (7.01.2022) | |
| |
| |
En raison de la vague épidémique actuelle, de la menace du variant omicron, il a été retenu lors du Conseil de gouvernement du 7 janvier 2022 de réduire à 3 mois le délai pour le rappel « booster » après un vaccin à deux doses (Moderna, BioNTech/Pfizer) et un schéma de type «Mix & Match» (AstraZeneca en 1re dose et ARN en 2e dose) et d’ouvrir le booster aux adolescents à partir de 12 ans. Rappelons que les délais suivants sont à respecter pour effectuer la dose « booster »:
Les personnes qui ont été testées positives à la COVID-19 peuvent recevoir le « booster » un mois après leur test PCR positif. À noter que depuis le 1er décembre, les doses « booster » ne peuvent être administrées que sur rendez-vous dans les 5 centres de vaccination Victor Hugo (transféré provisoirement à la Luxexpo depuis le 3 janvier), Esch-Belval, Ettelbruck, au Findel (LAR) et à Luxembourg-Kirchberg (Luxexpo). Les personnes concernées recevront une invitation de la part du gouvernement luxembourgeois par courrier postal pour se faire vacciner avec indication détaillée de la démarche pour prendre rendez-vous dans un des 5 centres de vaccination ou auprès de leur médecin. Rappelons également que les personnes qui résident au Luxembourg et qui ont reçu leur vaccination initiale à l’étranger pourront se présenter sans rendez-vous dans un des centres de vaccination pour leur vaccination « booster ». La liste des centres de vaccination et des médecins qui participent à la campagne de vaccination est disponible sur le site www.impfen.lu. Une assistance personnalisée est également offerte à travers la hotline mise en place à cet effet. |