Etienne Schneider confirméiertLëtzebuerg flitt op de Mound - mat engem Spektrometer

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gouf en Donneschdeg iwwer de Space Mining am Allgemengen an iwwer d'Faillite vu Planetary Resources am Spezielle gestridden.
D’nächst Joer soll ënnert Lëtzebuerger Fändel eng Missioun vun der Firma Ispace mat engem Spectrometer op de Mound fléien, dat huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an der Chamber nach eemol betount. Um Krautmaart war eng Aktualitéitsstonn op Demande vun der CSV. D’Oppositiounspartei wollt do nämlech weider Detailer iwwert d’Faillite vu Planetary Resources an den, wéi si soen, Echec vun Deep Space Industries diskutéieren.
D’nächst Joer soll ënnert Lëtzebuerger Fändel eng Missioun vun der Firma Ispace mat engem Spectrometer op de Mound fléien, dat huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an der Chamber nach eemol betount. Um Krautmaart war eng Aktualitéitsstonn op Demande vun der CSV. D’Oppositiounspartei wollt do nämlech weider Detailer iwwert d’Faillite vu Planetary Resources an den, wéi si soen, Echec vun Deep Space Industries diskutéieren.
© ispace

Mat Feigefill an enger Expertis amplaz vun amateurhaftem Verhalen hätt d'Regierung kéinten eng Faillite verhënneren. Dat ass d'Konklusioun, déi d'CSV am Dossier Planetary Resources zitt. En Donneschdeg de Mëtteg war deen Thema an der Chamber, wou wärend enger Aktualitéitsstonn d'CSV Explikatioune vum zoustännege Minister Etienne Schneider wollt kréien. Dee géif ëmmer betounen, datt een sech an engem Risikoberäich géif beweegen - eppes, wat de Laurent Mosar vun der CSV esou net wollt stoe loossen, d'CSV kéint esou Justifikatiounen net acceptéieren. Och als Zitat "klenge Comptable" geséich de Laurent Mosar, datt falsch un d'Saach erugaange gouf.

D'Fro vum CSV-Deputéierte: Wou sinn all déi Space-Resources-Entreprisen, déi de Minister annoncéiert hat, déi sech hei am Land géifen néierloossen, hei Sue géife loossen an Aarbechtsplazen kreéieren? Ee PR-Coup wier dem Minister mat sengem Spacemining gelongen, mä et bräicht ee Konkretes.

RTL-NEWS vum Donneschdeg den Owend: 1 Joer GovSat. Mat Video.

Lëtzebuerg am Weltall: GovSat-Aktivitéiten ausgebaut
Um 1. Joresdag vum Lancement vum GovSat-Satellit gouf an der Chamber iwwer d'Weltall-Industrie debattéiert a gestridden ...

De Franz Fayot (LSAP) huet a senger Interventioun emol op d’Zuele gekuckt: Wéi vill Entreprisen an de Space Resources de Moment schonn zu Lëtzebuerg aktiv sinn. Ronn 800 Mataarbechter géifen an enge 50 Betriber hei am Land beschäftegt ginn. Déi lescht 3 Joer hätte sech 20 Entreprisen hei am Land néiergelooss a 70 Aarbechtsplaze geschaf. 120 weider Betriber hätten 2018 Interessi gewisen, sech hei z’implantéieren.

Et ass ee Secteur, deen ëmmer weider géif wuessen, esou den LSAP-Parteipresident. Tëscht 2005 an 2017 wier en all Joer ëm 6,7 Prozent gewuess.

A senger Äntwert huet den zoustännege Minister sech géint Amateurissem gewiert. Wann de Laurent Mosar dat der Regierung géif virgeheien, misst si dat och Investisseure wéi dem Richard Branson, Microsoft an dem Grënner vun Amazon reprochéieren, esou den Etienne Schneider. Well déi hätten och an d’Start-up Planetary Resources investéiert. Mat der Attitüd vun der CSV kéim een net wäit, esou de Minister.

Deen huet dann och nach eemol betount, datt d’nächst Joer ënnert Lëtzebuerger Fändel eng Missioun op de Mound flitt. Dat mat der Firma Ispace an engem Massespektrometer. Ispace hat seng Missioun ewell ugekënnegt.

Op Nofro huet Ispace RTL confirméiert, datt de Launch fir dat 2. oder 3. Trimester 2020 virgesinn ass a mat enger Space-X-Missioun Richtung Mound fléie soll.

Den Etienne Schneider iwwer eng Lëtzebuerger Moundmissioun

An der Diskussioun huet den Etienne Schneider och gemengt, datt et wichteg wier, Kooperatiounsaccorden z’ënnerschreiwen, mat EU-Länner an doriwwer eraus. Lëtzebuerg soll och e Kompetenzzenter fir d’Ethik ginn, de Weltall soll keng Poubelle ginn.

Space Resources an der Chamber: Rep. Nadine Gautier

250 Joer ass een net responsabel mat der Äerd ëmgaang, dat soll elo net och nach mam Weltall geschéien, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Dofir sollen hei zu Lëtzebuerg d’Space Ethics opgebaut ginn.

D’Adr sot sech net géint d’Erfarung, déi ee mat Planetary Resources gemaach huet. Et hätt ee sech bei aneren Entreprisen am Beräich bekanntgemaach, esou den Deputéierte Roy Reding. Allerdéngs misst sech d’Fro vun der Kompetenz vun den Decisiounsträger an der Regierung gestallt ginn.

Déi Lénk kritiséiere weider de Space Mining am Generellen. Et géif hei just ëm Sue goen. D’Projete géifen net am Intérêt général sinn, mä just de Räiche vun de Räichen an d’Täsch spillen. Hei géif et ëm d'Ausweitung vum Kapitalismus goen. De Marc Baum huet et dofir schued fonnt, datt net méi Oppositioun géint d’Projeten gemaach gëtt.

D’CSV sot sech awer weider bereet, sech fir de Weltraumsecteur anzesetzen. Et wier eng Zukunftsbranche, déi een net negligéieren dierft.

RTL-NEWS aus dem Joer 2018 mat Video: Ispace wëllt bis 2020 op de Mound.

VIDEO: Letzebuerger Moundmissioun?
Mat der Firma ispace soll Lëtzebuerg Enn des Joeres quasi op de Mound fléien.

Back to Top
CIM LOGO